Timeline

25 Joer MEGA, dat bedeit eng immens Unzuel u Gesetzer, Publikatiounen, Etüden, Campagnen, Affichen, Videoen, Konferenzen an Interviewen zum Thema Gläichstellung. Do kann ee schnell mol den Iwwerbléck verléieren... Mee vläicht erënnert der Iech nach un d'Fro "Bass du MEGA?" oder un déi kleng giel Int mat der Tréin am A? Sidd der interesséiert erauszefannen, wat de MEGA déi lescht 25 Joer alles gemaach huet? Da klickt séier hei ënnendrënner op d'Affiche a scrollt duerch eis Geschicht!

Expo

Dem MEGA war et nach ëmmer wichteg, no un der Gesellschaft ze sinn a sech mat hir weider ze entwéckelen. 2020 huet eis gewisen, datt Villes ëmmer méi digital gëtt an och de MEGA wëll hei säi Bäitrag leeschten an Iech invitéieren, an eis virtuell 3D-Expo luussen ze goen a 25 Joer ganz visuell Revue passéieren ze loossen. Mir wënschen Iech vill Spaass!